Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

De Christoph König, Chefdirigent vun de Solistes Européens, Luxembourg © Christian Wind

30 Joer Solistes Européens, Luxembourg

Den Owend ass an der Philharmonie den Anniversairesconcert fir 30 Joer vun de Solistes Européens. Nieft dem Orchester sinn och véier Solisten an de Choeur de Chambre de Luxembourg mat op der Bühn. Um Programm steet déi 9. Symphonie vum Beethoven an och nach e kuerzt Stéck vum Arnold Schönberg als Kontrast: Ein Überlebender aus Warschau. De  Generaldirekter vun de Solistes Européens, Luxembourg, Eugène Prim, an de Chefdirigent Christoph König hunn op dem Manuel Ribeiro seng Froë geäntwert.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter.png

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen