Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Nicolas Buck, President vun der UEL (Archivphoto radio 100,7)

Nicolas BUCK (UEL) "Mir wëllen eis net méi virféiere loossen"

De Patronatsdaachverband UEL huet gëschter confirméiert, datt et an Zukunft zu Froe vum Aarbechtsrecht, nëmmen nach bilateral Verhandlunge vum Aarbechtsminister mat de Sozialpartner solle ginn a keng Verhandlungen zu dräi méi.

D'Gewerkschaften OGBL, LCGB a CGFP haten dem Patronat d'lescht Woch e Boykott an eng "verantwortungslos an inacceptabel Attack op de Sozialdialog" virgehäit: dat nodeem den UEL-President Nicolas Buck de virleschte Mëttwoch am Comité permanent du travail et de l'emploi, déi gewënschten nei Aarbechtsmethode ugekënnegt hat.

Wourëm geet et dem Patronat? Dat huet de Verband UEL gëschter probéiert däitlech ze maachen. Dir héiert e Bäitrag vum Serge Kesseler.

Rezent Emissiounen

  • Tierkesch Siidlungspolitik am Nordoste vu Syrien

    Dem tierkesche President säi politesch motivéierte Plang fir syresch Flüchtlingen aus anere Regiounen am syresche Kurdegebitt ëmzesidelen.

  • First Global Robotics Challenge

    Ufank Oktober war eng Lëtzebuerger Equipe bei der Roboter-Competitioun zu Dubai dobäi a koum op déi 108. Plaz.

  • Suite Impeachment-Prozedur géint Donald Trump

    Et geet weider mat den ëffentlechen Temoignagen: Haut Freideg ass et un der Rei vum fréieren amerikaneschen Ambassadeur an der Ukrain fir ëffentlech ze temoignéieren.

  • Du bass wichteg!

    Den Titel vun der Konferenz fir Kanner ChiCo e Samschdeg vun 9:30 bis 16.30 Auer am Forum Geesseknäppchen

     

  • Fir Film-Enthusiasten

    Fir déi zéngten Editioun vum Luxembourg City Film Festival gi Benevoller a Membere fir de Jury Jeune gesicht.

  • Tiers payant vun der neier Generatioun

    De generaliséierten Tiers Payant gëtt 2023 Realitéit. Patiente musse keng Sue méi virstrecken, wa si an eng Consultatioun bei den Dokter ginn.

  • De Lux Film Prize 2019

    Dräi Filmer gi vu muer queesch uechter Europa gewise fir da mam Lux Film Price geéiert ze ginn. Och de Publikum ka mat wielen.

  • Fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch

    De Jérôme Lulling gouf vun der Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch a.s.b.l. mat der Sëlwerplack Dicks-Rodange-Lentz ausgezeechent.

  • Ëffentlech Temoignagen an der Trump Impeachment-Prozedur

    Dës Woch wäerten dräi Offizieller hir Andréck ginn zum President senger Politik vis-a-vis vun der Ukrain.

  • Frigo Anti-Gaspillage

    Ee Frigo, deen dozou bäidroe soll, d'Verschwendung vu Liewensmëttel zu Lëtzebuerg ze reduzéieren, steet zanter zwee Méint an der Gemeng Helperknapp.

  • Wéi e Stéck glëtscheg fiicht Seef

    The Passion of Andrea 2 Theater, Danz a Gesang. Dat neit Danzstéck vun der lëtzebuergescher Choreografin an Dänzerin Simone Mousset.

  • D'Infrastruktur muss weider verbessert ginn

    Leschte Samschdeg huet d'Lëtzebuerger Fraen-Nationalequipe am Fussball 0:5 géint de Kosovo verluer. Mir hunn nogefrot, wat besser ka gemaach ginn.

  • E méi groussen Gestaltungs-Spillraum fir Kanner a Jugendlecher

    Andeems d'Fondatioun Sommer kulturell Projeten ënnerstëtzt, wëll se Jugendlecher stäerken an hinnen d'Méiglechkeet ginn hir Autonomie ze fërderen.

  • D'Inegalitéiten am Fokus

    D'Manéier wéi d'Wëssenschaft Ongläichheete versteet, géif ëmmer méi u Komplexitéit gewannen. Doriwwer sinn d'Experten, déi de Statec invitéiert hat, sech eens.

  • Vilfalt vun der Biodiversitéit an eis Ekosystemer erhalen

    Kréie mir d'Rudder nach erëmgerappt? Eng interessant Konferenz op Invitatioun vum Mouvement écologique

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen