Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

De Komponist Claude Lenners

Och Insekte maache Musek

Fir säin Insektenzyklus fir Sopran, Klarinett a klassesch Gittar huet de Claude Lenners sech op Texter vun Auteure wéi ënner anerem de Lambert Schlechter, William Shakespeare oder Günter Grass baséiert. An enger Zäit wou an Däitschland 80 Prozent vun den Insekte verschwonne sinn, huet dëst Stéck awer net onbedéngt en ekologesche Message, mee ass éischter als Metapher ze verstoen. Muer Mëttwoch, 2. Oktober 2019, um 19:00 Auer ass an der Salle Polyvalente vum Stater Conservatoire dësen Insektenzyklus ze héieren. De Manuel Ribeiro huet sech mam Claude Lenners ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen