Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Ekonomie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dir héiert Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Nicolas Schmit: Prüfung gepackt

Am Europaparlament ginn den Ament déi nei EU-Kommissären ënner d'Lupp geholl. Gëschter war de Lëtzebuerger Kandidat Nicolas Schmit un der Rei.

Hie wier sech net wéi um Grill virkomm, sot hien no sengem Hearing. Seng Äntwerten sinn allgemeng gutt ukomm. Kritiker soen, de Lëtzebuerger hätt net genuch konkret Propose gemaach. De Spillraum, fir bei esou enger Auditoun fest Engagementer anzegoen, hätt een als eenzele Kommissär net, sot dozou den Nicolas Schmit am 100,7 Interview. D'Danièle Weber kuckt op den Hearing vum Lëtzebuerger Kandidat zeréck.

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen