CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Poséiert a mat vill Energie

Mam Barock verbënnt ee virun allem Komponisten. Datt et awer och Komponistinne gouf, déi iwwer d'Grenze vun hirem Land bekannt waren, ass dacks manner bekannt. De Londoner Ensembel The Bach Players huet sech Kammermusek vun esou enger Komponistin erausgesicht a se op engem Disk publizéiert.

De Luc Boentges huet an dës CD mat Musek vun der Élisabeth Jacquet de La Guerre eragelauschtert.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Haut den Owend live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen