Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

David Viaggi

De Vertrieder vun Är Leit dierft viraussiichtlech den nächste Buergermeeschter vu Biisse ginn. Mat him geet rieds iwwer d'Remaniementer am Gemengerot an iwwer de Projet Google Data Zenter.

Rezent Emissiounen

  • Semiray Ahmedova & Chantal Gary

    Mat den zwou neie gréngen Deputéierte geet ënner anerem rieds iwwer d'Schwéierpunkten, déi si an der Chamber wëlle setzen.

  • Laura Zuccoli

    Mir froen d'Presidentin vun der ASTI, wéi d'Roll vun der Auslännerorganisatioun sech an de leschte 40 Joer geännert huet.

  • John Marshall

    De briteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg iwwer déi neist Entwécklungen am Dossier Brexit.

  • Paul Lorenz

    Mam neien ALIA-Direkter geet rieds iwwer d'Missiounen an d'Aarbecht vun der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel.

  • Marc Angel

    Den nach-nationale-ma-geschwënn-europäeschen-Deputéierten iwwer de Brexit an d'Start-Schwieregkeete vun der Kommissioun von der Leyen.

  • Oliver Paasch

    E Gespréich mam Ministerpresident vun der däitschsproocheger Gemeinschaft, där klengster vun den dräi Communautéiten an der Belsch.

     

  • Henri Kox

    Den neie Logementsminister schwätzt iwwer soziale Wunnengsbau, d'Reform vum Pacte Logement a seng eege politesch Carrière.

  • Cindy Tereba

    Wat bréngt d'Staatsvisite vum belsche Kinnek der Wirtschaft? Dat froe mir Direktesch vun den internationale Relatiounen an der Chambre de Commerce.

  • Pierre Gramegna

    No der Budgetsried froe mir de Finanzminister, wéi vill Sputt seng Regierung huet fir eng Steierreform ëmzesetzen?

  • Ferdy Adam

    Wéi vill finanzielle Spillraum huet d'Regierung am Moment? Dat froe mir de Ferdy Adam vum Statec, éier de Finanzminister säi Budgetsprojet presentéiert.

  • Patrick Dury

    De President vum LCGB iwwer dem Premier seng Ried zur Lag vun der Natioun

  • Christiane Brassel-Rausch

    Mir froen déi nei Buergermeeschtesch vun Déifferdeng, wéi si, no der Affär ronderëm de Roberto Traversini, nees Rou wëllt an d'Gemeng bréngen.

  • Martine Hansen

    Den Dag nom Etat de la Nation: d'Reaktioun vun der Presidentin vun der gréisster Oppositiounsfraktioun an der Chamber.

  • Guy Heintz

    Eng individuell Besteierung an enger eenzeger Steierklass: de fréiere Steierdirekter iwwer d'Erausfuerderunge vun der geplangter Steierreform.

  • Max Leners

    Een Dag virum "Etat de la Nation" organiséiert d'Fondation Robert Krieps en Debat iwwer den "Etat de la société". De Max Leners hat d'Iddi dozou.

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen