Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

De Peter Maffay huet mat "Jetzt" en neien ALbum eruas bruecht (Foto: picture alliance/Horst Galuschka/dpa)

70 Joer, 50 Joer Bühnecarrière an en neien Album

Et ass sécher en aussergewéinlecht Joer fir den däitsch-rumänesche Sänger Peter Maffay. Hie krut 70 Joer, steet zanter 50 Joer op der Bühn an zanter fënnef Joer huet hien nees e Studioalbum erausbruecht, den Titel "Jetzt". Mam neien Album huet de Peter Maffay sech och selwer e Cadeau gemaach. An et ass kee Best of ... mee en fuschneien Album mat 14 neie Songen drop. De Peter Maffay, deen a Siebenbürgen gebuer gouf, huet en Album mat ganz vill Emotioune realiséiert, seng Texter sinn derwäert gelauschtert ze ginn, hien huet vill ze soen, a virun allem spiert een e groussen Asaz an vill Dynamik, vläicht elo mat senge 70 Joer méi wéi jeemools virdrun. De Jean Claude Majerus huet den Album gelauschtert.

 

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen