De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.
Klassik aktuell


"Eine ganz schöne erste Begegnung"
Schlussakkord ass den Titel vum leschte Concert vum Mosel Musikfestival sengem reguläre Programm. Op der Affiche steet en Optrëtt vum Pianist Kit Armstrong zesumme mam Ensembel Resonanz. De Programm hätt allerdéngs op en Hoer geännert. Wat de Problem war, wéi d'Bilanz vun der Kooperatioun mat Lëtzebuerg ausgesäit a wéi et an Zukunft virugeet, doriwwer huet de Luc Boentges mam Intendant Tobias Scharfenberger geschwat.
Rezent Emissiounen
-
Digital Musicology
Wat sinn d'Chancen an d'Gefore vum Digitale fir d'Musicologie?
-
Musikbühne Saar
De radio 100,7 an SR3 diffuséieren déi populär Museksemissioun e Sonndeg live aus dem Trifolion zu Iechternach.
-
De Choeur de Chambre de Luxembourg
Den Ensemble huet eng nei CD publizéiert.
-
Talenter aus de Lëtzebuerger Conservatoiren
D'Militärmusek spillt zesumme mat Absolvente vum Prix supérieur.
-
Au Seuil de l'Avent
Um éischten Adventssonndeg proposéiert d'Maîtrise vun der Kathedral hiren traditionnellen Concert.
-
De Mariinsky Orchester
Den Ensemble vu St. Petersburg kënnt fir zwou Soiréeën an d'Philharmonie.
-
Den American Horn Quartet
De Kerry Turner, Matgrënner vum American Horn Quartet, Komponist, Cornist am OPL, ass am Studio, fir iwwert eng nei CD-Produktioun ze schwätzen.
-
Die Zauberflöte
Dem Mozart seng Oper ass am Saarbrécker Staatstheater ze gesinn.
-
Christian Gerhaher
Vum Dr. med. zum unerkannten Lied-Sänger: De Bariton huet een interessanten a spannenden Parcours hannert sech.
-
Stabat Mater
Dee Schwäizer Chorerograph Urs Dietrich huet fir den Tréierer Theater dem Giovanni Battista Pergolesi säi Meeschterwierk fir den Danztheater adaptéiert.
-
Musek vum Claude Debussy
Concert-apéro vun den Amis de l’OPL mat der Hélène Boulègue (Flütt), der Dagmar Ondracek (Braatsch) an der Catherine Beynon (Harf)
-
De Pianist Joseph Moog
Deen däitsche Museker kënnt fir e Récital an den Escher Conservatoire.
-
Den Duo Rosa
D'Sopranistin Stephany Ortega an d'Pianistin Lena Kollmeier presentéieren hir nei CD "Return".
-
Der Freischütz
Dem Carl Maria von Weber seng romantesch Oper huet e Samschdeg Première zu Saarbrécken.
-
D'Bande d'Hautbois vum OPL
De Bléiserensemble vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg trëtt e Sonndeg an der Porkierch zu Kayl op.
Net verpassen
-
Mam Bus op d’Klimakonferenz zu Madrid
D'Greta Thunberg ass mam Seegelschëff a mam Zuch op d'Klimakonferenz zu Madrid gefuer. Och de radio 100,7 huet decidéiert, net mam Fliger dohinner ze fléien. Eise Reporter Pierre Reyland fiert mam Bus op Madrid.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen