Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

Dem Kassem Al Ismaeil seng Computer Visioun

Kanner a Jugendlecher kréien haut séier mat, wéi si en IPhone oder e Computer fir hir Zwecker notze kënnen. Mee wëssen si och, wat hanner modernen Technologien an Datewëssenschafte stécht? IT-Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg wëlle Schüler nohalteg fir Informatik begeeschteren an hunn dofir d'Konzept Smart Schoul 2025 entwéckelt. Aktuell gëtt et am neie Klierfer Lycée getest. D'Kerstin Thalau ass vum Computeringenieur Kassem Al Ismaeil méi iwwer de Projet gewuer ginn.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen