Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg mécht nächsten Donneschdeg an der Chamber eng Declaration  zum Dossier Gaardenhaischen vum Roberto Traversini. No hirer Deklaratioun ass eng Debatt an der Chamber virgesinn. De Nomëtten war si fir zweet des Woch an der Chamber-Emwelt-Kommmissioun fir Reid an Äntwert ze stoen.
  2. Bei enger Messerattack op d'Haaptkommissariat vun der Police zu Paräis wiere fënnef Mënschen ëm d'Liewe komm, dorënner véier Polizeibeamten. Den Ugräifer ass erschoss ginn. Eng weider Persoun wier an d'Klinik bruecht ginn.
  3. D'Gewerbeinspektioun ITM brauch weider méi Personal fir ze kontrolléieren, op d'Betriber d'Gesetzer zu Lëtzebuerg respektéieren. Bei der Presentatioun vum Joresbilan 2018 sot den Aarbechtsminister Dan Kersch: Vun am Ganzen 148 Leit, déi bei der ITM schaffen, wiere just 22 Inspekteren, déi um Terrain Kontrolle maachen.
  4. De Minister François Bausch huet an der zoustänneger Chamberkommissioun de Mëtteg déi grousse Linne vu sengem Projet fir e Spezialgesetz fir de Police-Kamera-Iwwerwaachungssystem VISUPOL presentéiert. Et soll Rechtssécherheet fir de Bierger a fir d'Police geschafe ginn, huet de grénge Minister ugekënnegt.
  5. No méintelaange Streidereien tëschent Gewerkschaften an Direktioun gouf haut bei Luxtram ee Kollektivvertrag ënnerschriwwen. Et ass déi éischte Konventioun vun deem Genre fir d'Bedreiwergesellschaft vum Tram. All d'Léin sollen ëm véier Prozent klammen.

 

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    M. Kieffer: Kulturministere hu Bau vu Bibliothéik ënnerstëtzt / Louisiana: US-Demokrat wënnt Gouverneurswahlen / Gréng Luucht vun UEFA fir Stadion Josy Barthel

  • Panorama

    Ee Joer Gilets jaunes: 105 Festnamen zu Paräis / grouss Manif zu Prag, aus Suerg ëm d'Demokratie / Regierung a Kanada hëlt Form un

  • Panorama

    Nei komplettéiert Lëtzebuerger Orthografie ass ugeholl / 2023: éischt Gaardeschau hei am Land / Gilets jaunes féiere Gebuertsdag

  • Panorama

    Lëtzebuergesch gëtt op 3ième resp. 4ième als Fach agefouert / Éischte Gebuertsdag vun de gilets jaunes / Bayern München: Enn vun der Ära U. Hoeness

  • Panorama

    Lëtzebuergesch gëtt op 3ième resp. 4ième als Fach ageféiert / Éischte Gebuertsdag vun de Gilets jaunes / Bayern München: Enn vun der Ära U. Hoeness

  • Panorama

    Staatsbudget evoluéiert dëst Joer besser wéi erwaart / Lëtzebuergeschcoursen op den héije Klassen am Lycée / Dout vum fréieren DP-Politiker M. Mart

  • Panorama

    Handwierkerkammer: "Skepteschen" Avis zum Budget 2020 / Logement: CSV proposéiert Spekulatiounssteier / CGFP kritiséiert Minister Marc Hansen

  • Panorama

    EU-Kommissioun: Prozedur géint Groussbritannien, well si kee Kommissär nominéieren / Buchpräis 2019 fir den T. Reisen mat "Les bulles" / Lëtzebuerg verléiert 2-3 géint Serbien 

  • Panorama

    EU-Kommissioun: Prozedur géint Groussbritannien, well si kee Kommissär nominéieren / Buchpräis 2019 fir den T. Reisen mat "Les bulles" / Lëtzebuerg verléiert 2-3 géint Serbien 

  • Panorama

    Reform vum Pacte Logement / Perquisitioun bei CIGR Sirdall / Aarbechtsminister Kersch: Beschäftegungsinitiative solle besser kontrolléiert ginn

  • Panorama

    Pensioune ginn den 1.1.2020 1,5 % erop / Patientevertriedung fuerdert séier Ëmsetzung vum Tiers payant / "D'Regierung wäert am Logement scheiteren", seet David Wagner (déi Lénk)

  • Panorama

    Quadripartite: Finanze vun der CNS si stabel / Appell vum D. Tusk un d'Britten: "Gitt net op!" / D. Trump: "Impeachment-Prozedur ass e Witz!" 

  • Panorama

    Quadripartite: Finanze vun der CNS si stabel / Appell vum D. Tusk un d'Britten: "Gitt net op!" / D. Trump: "Impeachment-Prozedur ass e Witz!" 

  • Panorama

    Ombudsman: Mineuren an UNISEC gutt encadréiert / Klima-Bündnis lancéiert Aktiounsplang / USA:Optakt ëffentlech Unhéierungen an Impeachment Prozedur

  • Panorama

    A fënnef Fäll goufe Flüchtlingen, trotz Uerteel, net ausgewisen / FNCTTFEL an OGBL komme sech méi no / Franséisch Vëlolegend Poulidor ass dout

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen