Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg mécht nächsten Donneschdeg an der Chamber eng Declaration  zum Dossier Gaardenhaischen vum Roberto Traversini. No hirer Deklaratioun ass eng Debatt an der Chamber virgesinn. De Nomëtten war si fir zweet des Woch an der Chamber-Emwelt-Kommmissioun fir Reid an Äntwert ze stoen.
  2. Bei enger Messerattack op d'Haaptkommissariat vun der Police zu Paräis wiere fënnef Mënschen ëm d'Liewe komm, dorënner véier Polizeibeamten. Den Ugräifer ass erschoss ginn. Eng weider Persoun wier an d'Klinik bruecht ginn.
  3. D'Gewerbeinspektioun ITM brauch weider méi Personal fir ze kontrolléieren, op d'Betriber d'Gesetzer zu Lëtzebuerg respektéieren. Bei der Presentatioun vum Joresbilan 2018 sot den Aarbechtsminister Dan Kersch: Vun am Ganzen 148 Leit, déi bei der ITM schaffen, wiere just 22 Inspekteren, déi um Terrain Kontrolle maachen.
  4. De Minister François Bausch huet an der zoustänneger Chamberkommissioun de Mëtteg déi grousse Linne vu sengem Projet fir e Spezialgesetz fir de Police-Kamera-Iwwerwaachungssystem VISUPOL presentéiert. Et soll Rechtssécherheet fir de Bierger a fir d'Police geschafe ginn, huet de grénge Minister ugekënnegt.
  5. No méintelaange Streidereien tëschent Gewerkschaften an Direktioun gouf haut bei Luxtram ee Kollektivvertrag ënnerschriwwen. Et ass déi éischte Konventioun vun deem Genre fir d'Bedreiwergesellschaft vum Tram. All d'Léin sollen ëm véier Prozent klammen.

 

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    Frankräich freet offiziell Hëllef vun den aneren EU-Länner/ No den Attentater zu Paräis zitt och London seng Konsequenzen/ Ferm Kritik vun Amnesty International un der europäescher Flüchtlingspolitik.

  • Panorama

    Frankräich freet offiziell Hëllef vun den aneren EU-Länner/ No den Attentater zu Paräis zitt och London seng Konsequenzen/ Ferm Kritik vun Amnesty International un der europäescher Flüchtlingspolitik

  • Panorama

    François Hollande: Frankräich ass am Krich géint d’Djihadisten, IS kënnegt nei Attentater un/ Gedenkminutten de Mëtten an Europa, och virun der franséischer Ambassade zu Lëtzebuerg/ Bei der Sich no den Drotzéier vun den Attentater bleift d’Belsch am Viséier vun den Enquêteuren

  • Panorama

    Gedenkminutt virun der franséischer Ambassade / Zwee weider Suicide-Attentäter identifizéiert / Perquisitiounen a Verhaftungen a Frankräich an zu Bréissel

  • Panorama

    No den Attentater bombardéiert Frankräich Positioune vun IS a Syrien/De Kampf géint den Terrorismus ass och Thema um G-20-Sommet an der Tierkei/ Historeschen Dag fir Ungarn am Futtball

  • Panorama

    No den Attentater bombardéiert Frankräich Positioune vun IS a Syrien/De Kampf géint den Terrorismus ass och Thema um G-20-Sommet an der Tierkei/ Historeschen Dag fir Ungarn am Futtball

  • Panorama

    Weider Perquisitiounen zu Bréissel no den Terrorattacke vu Paräis / zwee Attentäter hunn an der belscher Haaptstad gewunnt / G20-Sommet an der Tierkei: Sujete Kampf géint déi islamistesch Gewalt a Flüchtlingskrise / Lëtzebuerger Educatiounsministère adresséiert sech un d'Schoul-Personal: déi demokratesch Wäerter sollen an den nächsten Deeg verstäerkt mat de Schüler thematiséiert ginn

  • Panorama

    Valls: Frankräich ass am Krich / Eng Spuer féiert an d'Belsch / Zu Lëtzebuerg: keng erhéichte Gefor / Obama wëllt IS zerstéieren

  • Panorama-Spezial no den Attentater zu Paräis

    128 Mënsche si bei Terrorattacke gëschter Owend zu Paräis ëm d’Liewe komm / Zu Lëtzebuerg gëtt den Alarm-Niveau net erop gesat, mee d'Sécherheetsautoritéite si méi present / Zu Bréissel goufen et Perquisitiounen a Relatioun mat den Attacke vu Paräis

  • Panorama-Spezial no den Terrorattentater a Frankräich

    D’Terror-Organisatioun “Islamesche Staat” kënnegt Frankräich weider Terror-Attacken un / Ee vun den Attentäter hat déi franséisch Nationalitéit / Déi Lëtzebuerger Regierung ass zënter véier Auer zesummen, wéinst dem Terror zu Paräis

  • Panorama-Spezial no den Terrorattentater zu Paräis

    Frankräich ass am "Etat d'Urgence" no der Attentatsserie zu Paräis mat op d'mannst 127 Doudesaffer. An eisem Panorama-Spezial Reaktioune vum franséische President Hollande, vum Premier Bettel, vum Ausseminister Asselborn, grad wéi Korrespondenze vu Bréissel a Berlin.

  • Panorama

    120 Doudeger bei Attentater zu Paräis / D'Motiver sinn onkloer / Frankräich am Ausnamezoustand / Reunioun vum Regierungsrot fir Analyse vu Situatioun de Mëtteg

  • Panorama

    Kathoulesch Kierch an Atheisten net zefridde mam Programm vum Wäerteunterrecht/ Éischt Familljen vu Réfugiéeën zu Ettelbréck / Mouvement Ecologique: Beem laanscht Stroossen net Grond fir Accidenter

  • Panorama

    D’CSV mécht sech Suergen ëm d’Landwirtschaft/Däitschland wëll seng Grenze méi laang protegéieren/Gëtt Russland vun all Liichtatletik-Competitiounen ausgeschloss?

  • Panorama

    Freeport sicht Repreneur / Lénk an ADR: Pro a Kontra Nationalitéitegesetz / 43 Doudeger bei duebelem Attentat zu Beirut

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter.png

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen