Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

D'Stella Chen huet de Concours Reine Elisabeth 2019 gewonnen

Eng Laureatin vum Concours Reine Elisabeth

De Museksfestival vu Buerglënster proposéiert all Joer Kammermusek sonndes mëttes um 5 Auer am Schlass zu Buerglënster.  Den Ouverturesconcert ass iwwermuer Sonndeg (6.10.2019) mam Optrëtt vun enger Laureatin vum Concours Reine Elisabeth: d'Geiistin Stella Chen. Wat soss nach um Programm vum Festival steet, erkläert de Manuel Ribeiro. 

Rezent Emissiounen

  • Luucht a Schiet

    Beim traditionellen Adventsconcert gedenkt d'Maîtrise dem 75. Joresdag vun der Ardennenoffensiv a feiert gläichzäiteg hiren 175. Gebuertsdag.

  • Nana Formosa an Daidalos

    Concert mat fréiere Laureaten vun der International Percussion Competition Luxembourg

  • "Le Maximum du minimal"

    Am Gespréich mam Perkussionist Christoph Sietzen a mam Komponist Georg Friedrich Haas

  • Eng Bühn fir jonk Museker

    Gala des Lauréats e Freideg (29. 11. 2019) am Kulturzenter OpderSchmelz zu Diddeleng

  • De Paradoxon vum "Sound of Silence"

    Mat fënnef Konferenzen geet een an der Philharmonie dem Thema vum rainy-days-Festival "less is more" op de Fong.

  • De CAPE verwandelt sech an en Operenhaus

    E Bléck hanner d'Kulisse vun der Opféierung vum Giacomo Puccini senger Oper Madame Butterfly.

  • Mass for Peace

    D'Universitéitschéier Saarbrécken a Lëtzebuerg sangen dem Karl Jenkins seng populär Kompositioun.

  • L'Italia e la Spagna

    D'Flüttistin an Zink-Spillerin Núria Sanromà Gabàs invitéiert op eng musikalesch Rees vun Italien a Spuenien.

  • Abstract Pieces

    Haut den Owend (22.11.2019) ass d'Ouverture vum Festival Rainy Days 2019.  

  • Vu Steng an Emotiounen

    Zwou Uropféierunge vu Wierker vun der Albena Petrovic

  • Bach meets Jazz

    D'Solistes Européens, Luxembourg an den Ernie Hammes Group an der Philharmonie (25.11.2019)

  • International Classical Music Awards 2020

    Op der Lëscht vun den Nominéierten ass Lëtzebuerg mat sechs Produktioune vertrueden.

  • "Less is more"

    De Festival Rainy Days 2019

  • Concert mam Jean Muller am radio 100,7

    Den 2. Dezember trëtt de Pianist am Studio 8 op. Um Programm stinn dem Bach säi Musikalescht Affer an dem Beethoven seng lescht Sonat.

  • "Diplôme de Concert" am Escher Conservatoire

    Dësen Ofschlossexamen ass am Escher Conservatoire de Samschdeg, 23 November um 8 Auer.

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen