Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

D'Laurence Equilbey ©Jana Jocif

Eng zäitlos Oper

D'Geschicht ass héichromantesch, fir Lecteure vun haut vläicht esou guer eng Grëtz kitscheg, mee de Fong ronderëm déi faustesch Natur vum Mënsch ass haut grad esou aktuell, wéi am fréien 19. Joerhonnert. Et ass ee vun den Aspekter, deen d'Laurence Equilbey um Carl Maria von Weber sengem "Freischütz" schätzt. Iwwermuer Sonndeg (6.10.2019) an en nächsten Dënschdeg (8.10.2019) dirigéiert d'Laurence Equilbey de "Freischütz" am Groussen Theater - dat mat hiren eegenen Ensembelen, dem Insula Orchestra an dem Kammerchouer Accentus.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Samschdes-Magazin

    • Noriichten

  • Noriichten

  • Grousse Kino

  • Panorama

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen