Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

Alternativen zum Auto sinn dee richtege Wee

D'Mobilitéit ass zu Lëtzebuerg nieft dem Logement ee vun de groussen Defien. Alternativen zum Auto sinn dee richtege Wee. Méi breet Stroossen an Autobunne si keng Léisung, et deplacéiert ee just de Stau. Dowéinst ginn et ëmmer méi Demanden no enger REorganisaitoun vun der Mobilitéit. Retarden am ëffentlechen Transport, ee Manktem un Informatiounen, d'Reorganisatioun vun de Busreseauen, d'Schafe vun neien Infrastrukturen.

Et diskutéieren de Christophe Reuter, zoustänneg fir d'Mobilitéitsplanung am Mobilitéitsministère, de Michael Jacquemin vun Les amis du rail Halanzy Luxembourg (Belsch), de Camille Liesch vum Comité des usagers a vum Verkéiersverbond an de Florent Golin vum franséischen Aktiounsgrupp AGIRR. Moderatioun Carole Schimmer

 

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

    • Schwéierpunkt - Ardennenoffensiv: Ee mäerderesche Plang

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen