Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Den Ginger Baker ass dout

Gëschter um Sonndeg koum d'Nouvelle, datt d'Rockmusek nees e vun hire Beschte verluer huet. De Ginger Baker, Drummer a Grënner vun der Band Cream ronderëm de Mister Slowhand Eric Clapton ass am Alter vun 80 Joer gestuerwen. 2005 huet Cream sech fir e Comeback nach emol zesummengedoen an hirer Originalbesetzung an dat 37 Joer no der Opléisung vun der Band. An 2006 huet Cream e Grammy fir d'Liewenswierk kritt. An elo dann steet d'Batterie vu Cream eleng op der Bühn. E Portrait vum Jean Claude Majerus.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen