Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

D'Konschtrestauratrice Silvia Berselli a Francesca Vantellini

"The Contemporary Family of Man" brauch e Lifting

Mir haten doriwwer bericht: am Centre national de l'Audiovisuel zu Diddeleng gëtt aktuell "The Contemporary Family of Man" vum däitsche Collectioneur Lutz Teutloff, an d'Archiver opgeholl. Dem Edward Steichen seng berühmt historesch Sammlung wäert an Zukunft, mat Hëllef vun dëser "neier Famill", ëm eng zäitgenëssesch Perspektiv beräichert ginn. Eng éischt Géigeniwwerstellung zu Klierf ass fir 2023 geplangt. Et gëtt nämlech nach genuch ze dinn. D'Kerstin Thalau war an d'CNA-Atelieren.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen