Mäin Europa

Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Mat konkrete Beispiller weise mir eng Kéier Woch, wat d'Europäesch Unioun hire ronn 500 Millioune Bierger bréngt.

Filmer ouni Grenzen?

Ëmmer méi Leit kucke Filmer an Tëlee um Internet. Mee de Choix op Film- a Video Streaming Plattformen ass méi limitéiert, wéi ee menge kéint an hänkt vum Land of, an deem ee wunnt. De Pierre Reyland befaasst sech mat den territoriale Grenzen a Rechter (droit d'auteurs), déi online Streaming-Plattforme respektéiere mussen. 

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen