CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Eng "Ode an die Freude" aus Wien

Dem Beethoven seng 9. Symphonie ass e musikalescht Symbol, en Opruff fir de Fridden, an dat och duerch en Text vum Friedrich Schiller: "Ode an die Freude". Den Thema vum Finale gouf net fir näischt zur Hymn vun Europa erkläert. D'Symphonie huet awer och vill aner musikalesch Qualitéiten, déi d'Wiener Symphoniker mam Philippe Jordan op engem neien Disk zum Virschäi bréngen. De Manuel Ribeiro huet sech den Disk ugelauschtert.

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

  • Rockultur

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen