Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Anne-Catherine Bucher © Cyrille Guir

Eng Museksdegustatioun

Muer (10.10.2019) start an der Philharmonie déi nei Concertsserie Midis baroques. An der Mëttesstonn invitéiert d'Anne-Catherine Bucher de Publikum ronderëm den Cembalo a proposéiert während ronn 50 Minutten eng Degustatioun vu Barockmusek. D'Thema vun dësem éischte Midi baroque ass La Belle Nature.

De Luc Boentges huet mat der Anne-Catherine Bucher iwwer d'Konzept hanner dëser Degustatioun, d'Thema an d'Erfarunge geschwat, déi d'Cembalistin während dem Concert vermëttele wëllt.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen