Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Donneschdes analyséiere mir d'Kuriositéiten, déi eis am deegleche Sproochgebrauch begéine kënnen a wou een net ëmmer weess, wéi een domat soll ëmgoen.

"dass" an "datt": Firwat ginn et zwou Formen?

D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, analyséiert dës Kéier den "dass" an den "datt". Firwat ginn et zwou Formen a wat sinn hir extra Funktiounen am Lëtzebuergeschen?

Rezent Emissiounen

  • "dass" an "datt": Firwat ginn et zwou Formen?

    D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, analyséiert dës Kéier den "dass" an den "datt".

  • Sätz, déi mat "wou" ufänken

    D'Caroline Döhmer kläert mat Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch op. An dëser Episod geet et ëm Sätz, déi mat "wou" ufänken.

  • Wat ass deen s bei enger Form wéi "ob s de gees"?

    D'Thema ass haut: deen ominéisen s bei engem Saz wéi "ob s de gees" oder "wann s de wëlls". Wat ass deen s a wou kënnt en hier?

  • "si" oder "hatt"

    "Dem Paul Schmit säi Buch". Dat ass kloer. Ma ass et "Dem Nadine Schmit säi Buch" oder "Der Nadine Schmit hiert Buch"? An der Sproocherubrik vum radio 100,7 zesumme mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch probéiert d'Linguistin Caroline Doehmer eng Äntwert op dës Fro ze fannen.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen