Invité am Moies-Magazin

Jeannine Schumann

Eltere ginn ass net schwéier, Eltere sinn ëmsou méi!
Wie Kanner huet weess, datt een ëmmer erëm Situatiounen huet, an deenen ee sech als Mamm oder als Papp freet, wat déi richteg Reaktioun ass, oder ob d'Manéier, wéi ee mat sengem Kand ëmgeet optimal ass.

A well een Eltere si kaum léiert, organiséiert d'Eltereschoul Janus Korczak schonn zanter Jore Coursen an Informatiounsowenter fir Elteren an alleguer déi, déi sech mat Kanner beschäftegen am Alldag.

Wat am Moment an der Eltereschoul gebuede gëtt, erzielt de Moien am Magazin beim Jean Claude Majerus d'Jeannine Schumann vun der Eltereschoul.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen