Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

OPL-Museker am Barrio 31 zu Buenos Aires © Sophie Delhaye

Mozart an Tango am Barrio 31

Et ass elo eng gutt Woch hier, datt de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg vu senger Südamerika-Tournée erëm ass - eng Tournée a Brasilien, an den Uruguay an an Argentinien. Zu Buenos Aires ass den OPL am legendären Teatro Colon opgetratt, mee d'Museker hunn awer och fir Mënsche gespillt, déi sech keen Entréesticket an de prestigiéise Concertssall leeschte kënnen. Et war dat eng Initiativ vun der Fondatioun Ecouter pour mieux s'entendre. 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen