ZäithistorikerIn

Denis Scuto Vincent Artuso Jacques Maas

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an d'Renée Wagener analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

Déi qualvoll Gebuert vum moderne China

Den 1. Oktober huet d'Volleksrepublik China de 70. Gebuertsdag vun hirer Grënnung mat enger beandrockender Militärparad gefeiert. Zum selweschte Moment hunn Dausende vun Hongkonger fir méi demokratesch Rechter demonstréiert. Déi zwee Evenementer hunn e gemeinsamen Ausgangspunkt, dee wäit an der Vergaangenheet zeréckläit, zu engem Zäitpunkt, wou d'Globaliséierung duerch Gewalt an Erniddregung imposéiert gouf.

Rezent Emissiounen

  • November 1956: Opstand zu Lëtzebuerg

    De 6. November 1956, während der Repressioun vum Volleksopstand an Ungarn, gouf d'sowjetesch Gesandtschaft zu Lëtzebuerg gestiermt a randaléiert.

  • Auserwielte Vollek

    Lëtzebuerg huet sech laang wéi eng kathoulesch Natioun verstanen, déi während dem Zweete Weltkrich knapp der Exterminatioun entkomm ass.

  • Aline Mayrisch an d'sozial Froen aus hirer Zäit

    En Epilog fir sozial Ongläichheete vun haut? Eng groussbiergerlech Philanthropin, déi eppes géint sozial Mëssstänn vun hirer Zäit maache wollt.

  • Merde alors!

    Den Intermezzo vum Lëtzebuerger Ausseminister an dem italienesche Vizepremier am gréissere Kontext vum auslännerfeindleche Populismus.

  • Die Geister die ich rief

    Eist Geschichtsbewosstsinn beschränkt sech op d'Joren tëschent 1933 an 1945. Déi Fixatioun ass net nëmme kontraproduktiv, mee geféierlech.

  • "Français de coeur parce que Luxembourgeois"

    D'Lëtzebuerger Legionnaire 14-18

  • D'Prager Fréijoer an d'Sich no engem sozialisteschen drëtte Wee

    D'Utopie vun engem neie lénke Modell, dat war 1968 souwuel am Westen wéi am Osten en Thema.

  • Op knaschtegem Terrain

    D'WM 1978 gouf an Argentinien vun enger bluddeger Militärdiktatur organiséiert. D'Genereel hunn den Evenement benotzt, fir hiren Image opzebesseren.

  • Mee '58

    A Frankräich gouf de Mee '68 gefeiert, de Mee '58 net. Déi deemoleg Evenementer hunn d'franséisch Geschicht awer zu déifst markéiert an d'Non-dite vun deemools wierken nach haut no.

  • Fussball, d'Shoah an de Max Gold

    Haut geet d'Fussball-Weltmeeschterschaft a Russland un an e Sonndeg gëtt zu Lëtzebuerg en nationaalt Monument ageweit, dat un d'Affer vun der Shoah erënnert.

  • Kolonial Amnesie

    Dem Fränz Hausemer säi Film "Schwaarze Mann" werft Froen op iwwer d'Historiografie zu Lëtzebuerg.

  • Den éischten Aarbechter an der Chamber

    Den Jhang Schortgen war den éischten Aarbechter deen an der Chamber gewielt gouf. Den 1. Mee 1918 ass en an engem Aarbechtsakzident ëmkomm.

  • E Gespenst geet ëm ...

    Am Mee 2018 ginn an engems 200 Joer Karl Marx a 50 Joer Mee 68 gefeiert. Eng Geleeënheet op den Denker, op d'Revolt an op Zesummenhäng tëscht hinnen anzegoen.

  • Rassismus an Diskriminatioun

    D'Ofschafe vun der Sklaverei a Brasilien den 13. Mee 1888 an d'Vermiechtnes vun iwwer 300 Joer Sklaverei an der brasilianescher Gesellschaft.

  • "On a pris la parole comme on a pris la Bastille"

    Mee 68 war fir d'éischt eng Kontestatioun vum Léier- a Wëssenssystem. An duerfir war den Impakt op d'Geschichtsschreiwung grouss.

Programm

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen