Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Vox Clamantis

E Sonndeg (13.10.2019) ass deen éischte vun insgesamt dräi Concerten am Kader vun den Dimanches du Chant Grégorien an der Abtei zu Klierf. D'Ouverture vun dësem Minifestival mécht Vox Clamantis. Dëse Vocalensembel, deen 2013 en Diapason d'Or an 2014 e Grammy gewonnen huet, proposéiert nieft gregorianesche Gesäng och polyphon Stécker aus dem Mëttelalter.

De Luc Boentges huet mam Jaan-Eik Tulve, dem Dirigent a Grënner vu Vox Clamantis iwwer den Ensembel, de Programm a seng Vue iwwer d'Spiritualitéit an der Musek geschwat.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen