Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Neit Konzept fir de Kierchbierg

De Kierchbierg ass éischter bekannt als Quartier, an deem vill Leit schaffen. Laanscht an tëschent Boulevard Adenauer an der Avenue John F. Kennedy sollen et fënnefmol méi Aarbechtsplaze ginn, wéi Leit do wunnen. An Zukunft soll dat sech awer änneren. De Kierchbierg muss méi liewenswäert ginn an alueden, och no der Aarbecht do ze bleiwen.  De Fonds Kirchberg an den Infrastruktur-Ministère hunn en däneschen Architektebüro beoptraagt, Iddien heifir ze sammelen. De Stephan Polet war dobäi, wéi déi dänesch Urbanisten hire Projet zesumme mam Infrastrukturminister François Bausch virgestallt hunn.

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen