Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.
Déjà Vu

Shuggie Otis - Inspiration Information
De Shuggie Otis huet et selwer ni bis an d'Top 10 gepackt, a 74 ass seng Musekscarrière a villen Hisiichten op en Enn komm. Den deemools 21. Joer alen amerikanesche Museker hat dräi Joer am Studio verbruecht a kuerz no der Release huet Columbia Records hie wéi eng waarm Gromper fale gelooss. "Inspiration Information" ass e perséinlecht Wierk, dat deemools keen Nerv getraff huet. Eng zäitlos Plack mat vill exzentreschem Groove. Presentéiert vum Jamie Reinert.
Rezent Emissiounen
-
Chicago Transit Authority - Chicago
D'Rockband with Horns gouf zur Legend am Jazz-Rock
-
Aqualung - Jethro Tull
Dee véierten Album (Abrëll 1971) vun der britescher Band rondrëm hire Mastermind Ian Anderson
-
Horses - Patti Smith
En Album, deen déi nach jonk Punk-Bewegung sollt staark inspiréieren. Fir d'Rockpoetin Patti Smith selwer ass et danzbare Rock'n'roll.
-
Pet Sound - The Beach Boys
Am Mee 1996 kënnt deen 11. Studioalbum vun de Beach Boys eraus. Produzéiert vum Brian Wilson.
-
Transformer - Lou Reed
"Walk On The Wild Side" - wou nuets aus dem he e she gëtt - ass den dominanten Iwwersong.
-
Abraxas - Santana
De typesche Gittaresound an eng Hellewull u Perkussiounsinstrumenter sinn typesch fir Welthits wéi "Black Magic Woman" an "Oyo Como Va".
-
Sticky Fingers - The Rolling Stones
Et ass hiren éischten Album no der Trennung vun Decca Records, vun elo u publizéieren Jagger a Co. um eegene Bandlabel - dee mat der berühmter Zong.
-
The Dark Side of The Moon - Pink Floyd
Money, Time, Us & Them, The Great Gig In The Sky: u Klassiker feelt et net um 8. Album vu Pink Floyd.
Net verpassen
-
Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven
De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen