Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.
Déjà Vu

Shuggie Otis - Inspiration Information
De Shuggie Otis huet et selwer ni bis an d'Top 10 gepackt, a 74 ass seng Musekscarrière a villen Hisiichten op en Enn komm. Den deemools 21. Joer alen amerikanesche Museker hat dräi Joer am Studio verbruecht a kuerz no der Release huet Columbia Records hie wéi eng waarm Gromper fale gelooss. "Inspiration Information" ass e perséinlecht Wierk, dat deemools keen Nerv getraff huet. Eng zäitlos Plack mat vill exzentreschem Groove. Presentéiert vum Jamie Reinert.
Rezent Emissiounen
-
Townes Van Zandt - Our Mother The Mountain
Balladen iwwer Léift, Jalousie an Trennung vum poetesche Country Songwriter
-
Scott Walker - Scott 3
Säi grouss-orchestréierte Pop Album vun 69 mat onheemleche Momenter
-
The Cars - Heartbeat City
De Quintett vu Boston verbënnt d'Iwwerreschter vum Rock aus de 70er mat der neier Synthpop-Ästhetik a mécht se Mainstream-kompatibel.
-
Dusty In Memphis
Viru genee 50 Joer koum mat "Dusty In Memphis" den erfollegräichsten Album vun der Dusty Springfield eraus. Toptitel: "Son of a Preacherman"
-
Johnny Cash at St. Quentin
De 25.Februar 1969 geet den Johnny Cash a Kalifornien an de Bing ... fir do viru begeeschterte Prisonéier e Live-Album opzehuelen.
-
Steely Dan - Pretzel Logic
Den drëtte Long-Player vun 1974 vun den zwee Jazz-Rock Acolyten
-
Sidsel Endresen, Bugge Wesseltoft - Out Here. In There.
Den Duo versteet et den Nolauschterer ze verzauberen awer och erauszefuerderen.
-
Blaze Foley - Live at the Austin Outhouse
Eng obskur Country Legend, live a rau e puer Méint viru sengem Doud 89
-
Led Zeppelin - Led Zeppelin
Viru 50 Joer gouf de Phenomen Led Zeppelin gebuer, a verschiddene Kritiker no den Heavy Rock gläich mat.
-
Ian Dury - New Boots and Panties!!
De frechen Englänner a säi 77er Funk, Punk, Disco, Music Hall a Rock'n'Roll Debut
-
Blood Sweat & Tears - BS&T
Jazz trëfft op Rock, e puer Téin Klassik, e bëssi Blues: Blood Sweat And Tears huelen Enn 1968 en neien Ulaf ... an iwwerzeegen!
-
Michael Jackson - Off the Wall
Op séngem 5. Studioalbum "Off the Wall" invitéiert de jonke Michael Jackson 1979, d'Liewen net esou schwéier ze huelen.
-
Mick Jagger - Wandering Spirit
Am Februar 1993 kënnt den drëtte Solo-Album vum Rolling Stones-Frontmann Mick Jagger eraus - kee vu senger Band ass am Studio derbäi ...
-
The Walkabouts - Nighttown
De Sound fir uechter d'Nuecht ze cruisen: den 1997er Album vun der amerikanescher Band ass eng melancholesch a wantergro musikalesch Reess.
-
Jean Michel Jarre - Equinoxe (1978)
Deen zweeten Album vum franséischen Elektroniker huet ee Joer no senger Verëffentlechung net manner wéi eng Millioun Leit op d'Place de la Concorde gelackelt.
Programm
-
Panorama
-
On air
Espresso Beats
-
Copy/Paste - Without You
-
-
Trendscheif
-
Ënnerwee duerch de Weekend - Ënnerwee an de Weekend
-
One World
Net verpassen
-
Suicidegefor am Alter: En Tabuthema
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen