
Christiane a Jos Bourg
En Donneschdeg ass d'Journée mondiale du don d'organes et de la greffe an et ass an deem Kader, wou d'Asbl protransplant.lu eng Ausstellung mam Titel Expo #Liewen an der Kritzel Fabrick an der Stad inauguréiert an dat an Zesummenaarbecht mam Artist Jacques Schneider. Zanter 2005 huet d'Weltgesondheetsorganisatioun de 17. Oktober offiziell als Weltdag vun der Organspend lancéiert, e wichtegen Dag besonnesch wann ee weess, datt praktesch iwwerall Mënschen op en Organ waarde fir kënne weider ze liewen, an datt d'Offer an Demande net iwwertenee kommen. Invitéë sinn d'Christiane Bourg, Sekretärin vun der Asbl a Jos Bourg, President vun protransplant.lu