CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Musekskritiker, Professer a Komponist

De Joseph Marx huet zu Graz Musek studéiert, war een exzellente Pianist, spéider och Professer zu Wien a Musekskritiker. Als Komponist huet hie sech virun allem mat ronn 150 Lieder ervirgedoen. Säi romantesche Pianosconcerto entsteet 1919, an enger Zäit, an där de Marx sech intensiv mat Orchestermusek beschäftegt. De Steven Sloane an d'Bochumer Symphoniker hunn d'Wierk elo, zesumme mat engem zweete Marx-Wierk, dem Concerto "Castelli Romani", opgeholl.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen