Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Espresso Beats

De Post Punk Songwriter Bonnie Prince Billy aus den Appalachen huet virun 20 Joer seng vläicht aflossräichst Plack, "I See A Darkness" verëffentlecht, där hiren Titeltrack vum Johnny Cash sollt gecovert ginn. Am 20/20 bréngt de Marc Clement eis den Opener vun dësem Album mat, "A Minor Place".

De Kanadier Daniel Snaith huet déi nei Single "Home" ënner sengem Pseudonym Caribou releast. E Stéck, dat mat enger aler Soul Schank vun der Gloria Barnes gekräizt ass. D'Anne Georges proposéiert "Home" am Kader vu Frësch Gepresst, well deen typesche Caribou Sound vun der gewinnter Schinn erofkënnt.

Wann een un australesch Pop a Rockmuseker denkt, falen engem als éischt emol AC/DC, d'Kyle Minogue an den Nick Cave an. Australien huet awer musikalesch esou vill méi ze bidden. Och am Indie Rock Beräich. Den Album vun dëser neier Woch bréngt direkt dräi Musekerinne vun Down under beienaner. Den Tom Dockal kennt si a stellt hiren Album vir.

Et gi Lidder, déi avancéieren zu engem weltwäiten Hit. Sou goung et der Cindy Lauper 1983 mat "Girls Just Want to Have Fun", en Titel, deen awer scho véier Joer virdru vum US-amerikanesche Museker Robert Hazard komponéiert an als Demo enregistréiert gouf. Säin Original ass awer praktesch onbekannt. De Luc Melsen just wants to have fun!

De Shuggie Otis huet et selwer ni bis an d'Top 10 gepackt, a 1974 koum seng Musekskarriäre a villen Hisiichten op en Enn. Den deemools 21. Joer alen amerikanesche Museker hat dräi Joer am Studio verbruecht a kuerz no der Release huet Columbia Records hie wéi eng waarm Gromper fale gelooss. "Inspiration Information" ass e perséinlecht Wierk, dat deemools keen Nerv getraff huet. Eng zäitlos Plack mat vill exzentreschem Groove. Presentéiert vum Jamie Reinert.

Rezent Emissiounen

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats Lungo

    Véier Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Et ginn nees dräi Stonne mat gudder Musek, dem Concertstipp, dem Album vun der Woch, den Déjà-Vu an nees eppes frësch Gepresstes.

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Exzeptionell véier Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren.

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen