Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

De Philharmoneschen Orchester Tréier spillt bei der Porta Nigra © Orchester Tréier

En Orchester fir déi ganz Stad

Den 12. August 1919 entsteet zu Tréier eng "Philharmonesch Gesellschaft", där hire But et ass, e professionellen Orchester op d'Been ze stellen. D'Affär geet schëtzeg virun, well schonn am Oktober ass deen éischte Concert. 100 Joer no dësem historesche Stéchdatum feiert den Orchester säi Centenaire während enger ganzer Woch. E Sonndeg (20.10.2019) geet et lass mat engem Familljeconcert. Aacht Deeg drop (27.10.2019) ass dann de grousse Festconcert a Sankt Maximin mat der 7. Symphonie vum Anton Bruckner.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen