Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Trauerwallis Omega 90

Joffer, meng Boma ass  dout! Wéi reagéieren am Fall vun Doud an Trauer bei Kanner a Jugendlechen?

Et ass net selbstverständlech bei engem Stierffall am schouleschen Ëmfeld oder am Veräinsliewen am Kontext mat Kanner a Jugendleche gutt kënnen ëmzegoen. Hëllef bitt do d'Asbl Omega 90, déi 2020 schonn 30 Joer besteet, an op e laange Erfahrungswee kann zeréckkucken. Nodeems scho virun enger Zäit "Omega mécht Schoul" op d'Bee gestallt gouf, proposéiert Omega 90 elo d'Omega Trauerwallis, e Set mat didakteschem Handbuch, néidegen Accessoiren, Bicher, an z. B. Gefillskaarten. Dës gréng Wallis soll all deenen, déi mat Kanner a Jugendlechen ze doen hunn, eng Upak gi fir handlungsfäeg ze bleiwen, wa moies op eemol an der Klass, oder och nomëttes am Fussballstraining, déi plëtzlech Nouvelle vum Doud vun engem Matschüler, engem Familljemember, oder souguer engem treien Hausdéier kënnt. Nathalie Bender mat weideren Detailer.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen