CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

En dynamesche Schumann

De Robert Schumann gëllt als ee grousse Vertrieder vun der däitscher Romantik. Am däitlechsten ass dat a senge Symphonien ze erkennen.  Eng gemässegt Leidenschaft, duergestallt mat equilibréierte Klangfaarwen, déi ni ze aggressiv wierken. Déi zweet an déi véiert Symphonie sinn d'Haaptwierker vun enger neier Opnam mam London Symphony Orchestra - en CD, op deem den Dirigent Sir John Eliot Gardiner en dynamesche Schumann presentéiert.

 

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen