Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.
CD-Klassik


En dynamesche Schumann
De Robert Schumann gëllt als ee grousse Vertrieder vun der däitscher Romantik. Am däitlechsten ass dat a senge Symphonien ze erkennen. Eng gemässegt Leidenschaft, duergestallt mat equilibréierte Klangfaarwen, déi ni ze aggressiv wierken. Déi zweet an déi véiert Symphonie sinn d'Haaptwierker vun enger neier Opnam mam London Symphony Orchestra - en CD, op deem den Dirigent Sir John Eliot Gardiner en dynamesche Schumann presentéiert.
Rezent Emissiounen
-
Düster a expressiv a puer mol brutal
D'Julia Okruashvili, d'Uliana Zhdanov an den Denis Zhdanov spillen dem Sergei Rachmaninow säin zweeten Trio élégiaque
-
D'Clara Schumann an hir Zäitgenossen
Den neien Album vun der Pianistin Andrea Kauten
-
Pessimistesch
De London Symphony Orchestra mat der 4. Symphonie vum Schostakowitsch
-
Lost Horizon
Musek vum Guillaume Connesson
-
Voll Spannung an Energie
D'Flüttistin Nolwenn Bargin an de Musikkollegium Winterthur proposéiere Wierker vum Carl Philipp Emanuel Bach
-
Talking to Aphrodite
Kompositiounen vum Richard Danielpour
-
Chains like the Sea
Musek vum Bernard Rands
-
Maddalena and the Prince
Op hirem aktuellen Disk proposéiert d'Maddalena del Gobbo Wierker fir Baryton, déi um Schlass Esterházy entstane sinn.
-
D'Wallerstein-Symphonien
De Bayeresche Kammerorchester Bad Brückenau spillt Haydn.
-
Zwee Quartetter - Ee Wierk
De Merel Quartet huet sech mam Castalian String Quartet zesummegedoen, fir dem Felix Mendelssohn Bartholdy säin Oktett Opus 20. opzehuelen.
-
Romantik an 20. Joerhonnert
De Benedikt Kloeckner (Cello) an Danae Dörken (Piano) mat Schumann, Schostakowitsch a Martinu
-
Éischten Album zanter 20 Joer
Den Ivo Pogorelich presentéiert sech mat zwou Sonate vum Ludwig van Beethoven an enger vum Sergei Rachmaninow.
-
Am Geescht vum Arnold Schönberg
The Smithsonian Chamber Players mat Transkriotiounen vu Mahler, Debussy a Busoni
-
Russesch Romantik
D'Stuttgarter Philharmoniker spille Rachmaninoff an Tschaikowsky.
-
Bach emol anescht
Op sengem akutellen Album proposéiert den Duo Takahashi-Lehmann Transkriptioune fir zwee Pianoe vum Bach senge Brandenburgischen Konzerten.
Net verpassen
-
Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken
Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen