Papperlapop

Jamie Reinert

Tirangsdenke war gëschter. Genren a Stiler spillen ëmmer manner eng Roll an der Musek. An enger Welt, déi sech séier verännert ass alles erlaabt. Den Jamie Reinert guidéiert Iech duerch den Dschungel vun Tendenzen, schwätzt mat Museker, Labelen a Kritiker a geet de Saachen op de Fong.

Larry Gus (Foto: Kostantia Manthou)

Larry Gus

De Panagiotis Melidis ass vun Amsterdam aus um Telefon. Musek verëffentlecht de Griich zanter 2006 ënner dem Numm Larry Gus. Säin hausgemaachte Pop ass gelungen a knalleg an dacks op Sampelen opgebaut. De 25. Oktober kënnt seng nei Scheif "Subservient" bei DFA eraus. Mam Jamie Reinert schwätzt hien iwwer Nidderlag, firwat een als Museker keen David Bowie soll lauschteren a säin Degoût vum Zoufall.

Playlist:

  1. Larry Gus - Taped Hands Here (Subservient, 24.10.2019 - DFA)
  2. Larry Gus - Classifying a Disease (Subservient, 24.10.2019 - DFA)
  3. Larry Gus - Ayler the Pilot (Subservient, 24.10.2019 - DFA)
  4. Kansas City Express - This Is The Place (Single (Reissue), 10.10.2019 - Athens of the North)
  5. Third Coast Percussion - For All Its Fury: III. Coil (Fields, 10.10.2019 - Cedille)
  6. The Replacements - Talent Show (Matt Wallace Mix) (Dead Man's Pop, 26.09.2019 - Rhino)
  7. Bert Jansch - Kingfisher (Avocet, 02.1097 - Charisma)
  8. Harold Alexander - Mama Soul (Sunshine Man, 14.06.1971)

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter.png

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen