Ee Mount, een Thema

André Dübbers

De radio 100,7 verdéift all Mount e speziellen Themeberäich. Dës Programm-Schwéierpunkten zéie sech duerch vill Emissiounen a Reportagen a bidden dem Nolauschterer Hannergrondinformatiounen an deels ënnerschiddlech Approchen zum Thema vum Mount.

Thema vum Mount

2009 ass d’Joer vum Darwin: den 12. Februar ass säi Bicentenaire an am November gëtt den 150. Gebuertsdag vu sengem kruzialen an aflossräiche Wierk „On the Origin of Species“ gefeiert. Den 100, 7 feiert mat.
Deen engleschen Naturalist Charles Robert Darwin gouf den 12. Februar 1809 zu Shrewsbury, am englesche Shropshire gebuer; hien ass den 19. Abrëll 1882 zu Downe, am englesche Kent, gestuerwen. Seng wichtegst Publikatioun „On the Origin of Species“ vun 1859, huet eis Zivilisatioun an eist Denke méi beaflosst, wéi mer vläicht mengen. Zënter dem Darwin ass gewosst, datt de Mënsch net nom Bild vun engem Gott geschaf gouf, mä d’Resultat vun enger Evolutioun ass... dat beinhalt och – nach méi shocking!- datt d’Mënschen an Déieren déiselwecht Originen hunn. An däer selbstgefälleger, an déifreliéiser viktorianescher Gesellschaft ass sécherlech méi wéi engem den Hutt héich gaangen, wéi en dat gelies oder héieren huet... mä schonn zu Liefzäiten huet den Darwin vill Leit iwwerzeegen, oder op mannst interesséiere kënnen, a wor deemno ganz aflossräich. Seng Popularitéit huet sech net zulescht dora gewisen, datt e mat allen Éieren an der Westminster Abbey bäigesat gouf.
2. Deel:
Kaum eng Biografie vum Charles Darwin, dem engleschen Naturalist a Begrënner vun der Evolutiounstheorie, enthält net de Portrait vun deem eeleren Här mam décke, wäisse Bart. Dëst Bild vum Darwin ass quasi omnipräsent: et fënnt een et net zulescht op dem engleschen 10-Pond-Geldschäin, an am Joer vu sengem Bicentenaire, an dem 150. Anniversaire vun der Verëffentlechung vu sengem Haaptwierk, begéint een dësem Portrait vum Wëssenschaftler nach méi dacks ewéi soss.
D’Julia Voss, Konschthistorikerin, Journalistin bei der Frankfurter Allgemeinen Zeitung, Darwin-Kennerin an Autorin vun enger Rëtsch Bicher iwwert den englesche Naturalist, déi vill gelueft ginn, wor di lescht Woch op Invitatioun vum Naturmusée hei zu Lëtzebuerg, fir eng Konferenz ze halen, mam Titel „Darwin oder Moses? Funktion und Bedeutung von Charles Darwins Portrait im 19. Jahrhundert“. Bei dëser Geleeënheet koum si och op de radio 100,7 op Besuch. Am Gespréich mam Cléo Thoma erklärt si, wat d’Perceptioun vum Darwin wor an ass, an och, wéi d’Duerstellunge vum englesche Wëssenschaftler seng Evolutiounstheorie begleet hunn.
(Rediff. vun 09.05)

Rezent Emissiounen

  • D'Montée an de Fall vum Summer of Love

    Bei Summer of Love denken déi meescht u Woodstock. Mee de Summer of Love ass awer scho vill méi fréi ugaangen a war do scho bal um Enn.

  • Woodstock - den Ufank war gemaach!

    No Woodstock ass eng reegelrecht Festival-Zeen entstanen, déi aus de Mëssstänn vun August '69 geléiert huet. Villes gouf méi professionell.

  • Aus dem Chaos gouf eng Legend

    Absolute Chaos, duerchgeknallten Improvisatiounen an eng iwwerfuerdert Organisatioun: d'Essenz déi aus Woodstock eng Legend gemaach hunn.
     

  • Woodstock an en déckt Lach an der Keess

    Och wann d'Stëmmung gutt war, an déi 500.000 Leit um Woodstock-Festival "Love, Peace and Music" haten. Woodstock war um Enn e finanziellen Desaster.

  • Woodstock - déi laang Sich no engem Site

    De Woodstock Festival dréit säin Numm eigentlech zu Onrecht - organiséiert gouf en op engem Terrain, dee 70 Km vu Woodstock ewech läit.

  • Woodstock Ventures - mir organiséieren e Festival

    Véier Jonker hunn 1969 d'Iddi, e Rockfestival iwwer dräi Deeg ze organiséieren a grënnen dorops hi Woodstock Ventures.

  • Trauma Vietnam

    De Krich am Vietnam ass an de 60er Joren en doninante Sujet an den USA. Dee militäreschen Engagement steet ëmmer méi an der Kritik.

  • Black Revolution

    Houfreg, schwaarz ze sinn: an den USA vun de 60er Joren erhiewen ëmmer méi Leit d'Stëmm géint d'Rassendiskriminéierung.

  • 1969

    E Joer wéi keen anert. Ee Joer mat gudden Erënnerungen, mee och mat Evenementer, déi een zum Nodenke bréngen.

  • Master in Space

    D'Uni Lëtzebuerg an d'Regierung maachen de Lien tëschent Fuerschung an Ekonomie.

  • One small step for men - One giant leap for mankind

    Viru 50 Joer, den 21. Juli 1969 huet den amerikaneschen Astronaut Neil Armstrong als éischte Mënsch säi Fouss op de Mound gesat.

  • Astrologie - Philosophie oder Hokuspokus?

    D'Perséinlechkeet analyséieren an Entwécklungschancen erkennen, dat ënnerscheet déi psychologesch a spirituell Astrologie vum Bléck an d'Glaskugel.

  • Vollmound an Neiliicht

    Gi mir nom Mound? Mir ginn där Fro no.

  • Fly Me To The Moon

    Liewen um Mound - nach eng Visioun, déi awer scho geschwënn Realitéit kéint ginn.

  • D'Minette am Weltraum

    D'Luxembourg Space Agency an den ambitiéise Projet vum Space Mining.

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen