Invité am Moies-Magazin

Doktere Jacques Zimmer an Aurélie Poli

Vum 30. September bis den 3. Oktober hu sech hei am Land eng 500 Wëssenschaftler Rendez-vous ginn, fir sech iwwer déi neiste Fuerschungsresultater a Methoden am Kampf géint Kriibs oder Infektiounen auszetauschen. Dat am Kader vun der NK 2019, der 18. Reunioun vun der Society for Natural Immunity. Wat huet et mat den NK-Zellen, de sougenannten natierleche Killer-Zellen op sech? Wéi wäit ass d'Fuerschung an dësem Beräich, a wéi steet et mat der Recherche iwwer NK-Zellen hei am Land? Doriwwer informéieren déi zwee Invitéë vum Department of Infection and Immunity beim LIH, dem Luxembourg Institute of Health an allebéid och Member vum Organisatiounscomité vum NK 2019.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen