Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

Wéi een Afloss huet d'Virtual Reality op d'Spiere vu Péng?

Virtual Reality kennt ee jo haaptsächlech dohier, datt se dacks bei Videospiller agesat gëtt. Et kann ee sech an eng aner Welt, eng Illusioun eraversetzen. Mee och an der Fuerschung ass dat Thema de Moment ganz interessant. Op der Universitéit Lëtzebuerg ënnersiche véier Fuerscherinnen, wéi een Afloss eng virtuell Realitéit op d'Empfanne vu Péng kann hunn. De Pit Walté war bis dohinner kucken.

Wann der bei der Etüd mat maache wëllt, kenn der iech op dëser Adresse mëllen: studiemexlab@gmail.com

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen