Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Ekonomie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dir héiert Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
Europa Aktuell

Rezent Emissiounen
-
Bilan no fënnef Joer Juncker-Kommissioun
D'Deeg vum Lëtzebuerger Jean-Claude Juncker un der Spëtzt vun der Kommissioun si gezielt - gëschter gouf de Bilan am Europaparlament gezunn.
-
Europa Aktuell
-
EU oneens iwwer nei Bäitrëttsverhandlungen
Soll d'EU Bäitrëttsverhandlunge mat Albanien an Nord-Mazedonien ophuelen. Haut sollen d'Staats- a Regierungscheffe sech domat befaassen.
-
EU-Tierkei: Déi komplex europäesch Äntwert op déi tierkesch Offensiv
D'EU condamnéiert déi tierkesch Offensiv am Norde vu Syrien, betount awer och, dat d'Tierkei weider ee wichtege Partner bleift.
-
Sylvie Goulard fält am Europaparlament duerch den Hearing
D'Sylvie Goulard, déi franséisch Kandidatin fir EU-Kommissärin ze ginn, ass duerch den Hearing gefall.
-
Anti-Macron Vott am Europaparlament
D'Europaparlament seet Nee zur franséischer Kandidatin fir EU-Kommissärin ze ginn. Queesch duerch d'Parteien hunn d'Deputéiert géint d'Sylvie Goulard gestëmmt.
-
Aarbechtskonditiounen EU-Mataarbechter
An der Ëffentlechkeet géif nach ëmmer d'Virstellung bestoe vum gutt bezuelten EU-Beamten - mee dat géif awer net der Realitéit entspriechen.
-
Politesche Wocheréckbléck mam Danièle Weber
Éier eng nei Europäesch Kommissioun untrëtt, hëlt d'Europaparlament déi zukünfteg EU-Kommissären ënner d'Lupp.
-
Carola Rackete: Heldin oder Haassfigur?
D'Kapitänin vum Rettungsschëff Sea Watch, krut am Europaparlament vill Applaus. Et gëtt der awer och déi fannen, datt si an de Prisong gehéiert.
-
Nicolas Schmit: Prüfung gepackt
Hie wier sech net wéi um Grill virkomm, sot de Nicolas Schmit no sengem Hearing am Europaparlament. Kritiker soen, de Lëtzebuerger hätt net genuch konkret Propose gemaach.
-
Réckbléck op d'EU-Woch: Den Éclat an der juristescher Kommissioun
Déi juristesch Kommissioun vum Europaparlament huet bei zwee vun den zukünftegen EU-Kommissären ee Conflit d'Intérêt festgestallt a se dowéinst duerchfaale gelooss.
-
L'architecture des instiututions européènnes à Bruxelles
Et nous allons surtout commencer par un gros chapitre dédié à l'architecture des instiututions européènnes à Bruxelles.
Un thème qui nous a été inspiré par Bruxellois Rachid qui connait très bien le quartier européèn
-
Wien garantéiert d'Rechtstaatlechkeet an der EU?
D'Meenung doriwwer, wéi d'EU mat der Rechtstaatlechkeet soll emgoen, ginn ënnert de Memberlänner auseneen. Am Fall vun Ungarn ass een net presséiert, fir konkret Schrëtt an d'Weer ze leeden.
-
Déi nei Europäesch Kommissioun
Den Olivier Hanrion, RTBF Korrespondant fir Europa, analyséiert déi nei Europäesch Kommissioun, déi an der leschter Woch presentéiert gouf.
-
Cordon sanitaire am Europaparlament
Am neien Europaparlament ginn den Ament Posten verdeelt. Dobäi gëtt ee Cordon sanitaire no riets ugewant. Dat klappt awer net ëmmer.
Programm
-
Panorama
-
On air
Papperlapop - Skarbø Skulekorps
-
Notturno
-
Notturno
-
Samschdes-Magazin - Samschdesmagazin
Net verpassen
-
Suicidegefor am Alter: En Tabuthema
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen