Wäiss a Schwaarz

Pianiste schwätzen iwwer Kompositiounen, loossen an d'Banneliewe vun hirem Repertoire blécken: an der Emissioun Wäiss a Schwaarz gi mir der Pianosliteratur op de Fong a kucke mat Tounbeispiller op d'Architektur vun dëser Musek. All Mount ass e Pianist um Studiospiano vum radio 100,7 ze héieren.

Cathy Krier

Ligeti mat der Cathy Krier

E musikaleschen Universum, dee vun der Komplexitéit dominéiert gëtt. Dat gëllt beim György Ligeti och fir déi mi kleng Stécker. D'Cathy Krier spillt dräi Etüde vum Komponist um 100,7-Fligel a gëtt mat Tounbeispiller en déiwen Abléck a seng Musek an a seng Inspiratiounen.

György Ligeti (1923-2006):

  • Etude Nr. 4 "Fanfares"
  • Etude Nr. 2 "Cordes a vide"
  • Etude Nr. 10 "Der Zauberlehrling"

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen