Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Den Anri Sala béit am Mudam d'Zäit

De Moler, Sculpteur a Videokënschtler Anri Sala koum 1974 an Albanien op d'Welt. Hie war tëschent 1992 an 1996 op der Konschtakademie an der Haaptstad Tirana, ass 1996 a Frankräich emigréiert an huet zu Paräis an zu Tourcoing Video studéiert. Mëttlerweil lieft hien zu Berlin a kuckt op 20 Joer erfollegräicht Konschtschafen zeréck. A sengem Wierk verbënnt hien individuell a kollektiv Geschicht, gesellschaftspolitesch Themen a Poesie. D'Kerstin Thalau hat d'Geleeënheet, hie beim Vernissage vu senger aktueller Expo "Le temps coudé", am Mudam, kennenzeléieren.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen