Generator

De jonke Sujet um radio 100,7. Mam Weekend deen op vollen Touren dréint, Gäscht am Interview, Sortien, Trends, Gigs ... a villes méi

Generator

Den Tommek an den Turnup Tun schwätze mam Lara Bousch iwwer déi Lëtzebuerger Hip Hop Zeen. Stayfou ass e Kollektiv vu Lëtzebuerger Kënschtler, déi selwer Hip Hop produzéieren. Ganz wichteg wär Authentizitéit, esou den Tun Tonnar aka Turnup Tun. Zu Lëtzebuerg wär et einfach net méi aktuell iwwer Theme wéi Gangster oder net Gangster ze schwätzen. Mir hätten hei eben einfach keng Bronx. "Dofir schwätz vun deem, wou s de Ahnung hues" esou den Tun. Déi zwee Rapper bejoen op alle Fall direkt d'Fro, ob Hip Hop och sentimental ka sinn. Dem Tommek no wär dat absolut de Fall, an hien zielt och vun e puer Liibeslidder, déi hie scho gemaach huet. Net nëmme Liibeslidder entstinn, och aner Emotioune wéi d'Flemm oder Roserei ginn a Lidder verschafft. "Hip Hop ass eben e Liewensstil, ech huelen am Fong permanent Saachen op".

Zum Schluss huet den 100,7 dann nach d'Éier, ganz "fresh" nei Rhymes live vum Tommek offréiert ze kréien.

Iwwregens kënnt Dir déi zwee, an och nach aner Hip Hopper, de Samschdeg Owend bei eis op Antenn an an der Rockhal héieren. Mir iwwerdroen nämlech de Chop Chop Chop Festival live aus der Rockhal.

Rezent Emissiounen

  • Boulderen

    Klammen ouni Seel, wéi geet dat?

  • Nolen, Woll a lass!

    Wëll et sou schéi kal ass dobaussen, schwätze mir iwwer muckeleg waarm Strécken.

  • D'Designerin Irina Moons

    Wei ass d'Liewe vun enger jonker Designerin zu Lëtzebuerg?

  • "Eng Einstiegs-Drog fir d'Literatur"

    De Poetry Slam ass eng Konschtform, déi haaptsächlech vu Jonke praktizéiert gëtt. Et kenne witzeg Texter sinn, awer och eng emotional Ausernanersetzung mat Problemer.

  • Generator

    De Pit Walté huet sech mat der Fro beschäftegt, ob Schach e Sport ass.

  • to graffiti or not to graffiti?

    D'Graffiti-Zeen zu Lëtzebuerg: wat ass den Ënnerscheed tëschent Urban Art a Street Art, a firwat ass kritesch Konscht zu Lëtzebuerg schwéier?

  • Generator

    D'Rapper vu Stayfou si bei eis am Studio.

  • "How To Bourse"

    An engem Video kläert d'ACEL d'Froen, déi een ëm d'Studentebourse kéint hunn. Donieft hu mir nogefrot, u wat een als Student soss nach denke muss.

  • Kann ech dech upaken? aka Feminismus

    "Maacht wat der wëllt, mee schwätzt et of." D'Milena Steinmetzer schwätzt mat eis iwwer Konsens.

  • Fifa Sportler

    Zwee Lëtzebuerger zielen iwwer professionellen Fifa Sport zu Lëtzebuerg.
     

  • Youth for Climate

    Lëtzebuerger Subkulturen dës Woch mat zwee jonke Klimaaktivisten

  • Generator

    Le Vibe sinn am Studio fir iwwer hiren neien Album ze schwätzen. An den FC Esch United ass Thema, eng Fussball-Equipe, déi aus Refugiéë besteet.

  • Generator

    Et ass e frëndlechen Astronaut am Studio, et geet ëm de neie Joker Film an ëm den Zuch, mat dem den Harry Potter a senge Filmer fiert.

  • Generator

    D'Metal-Formatioun Arduinna's Dawn stellen hir éischt Single vir an et ginn Informatiounen zum Last Summer Dance-Festival.

  • Generator

    Architektur an d'Schueberfouer stinn am Mëttelpunkt. Donieft gëtt et nach e Buch-Tipp.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen