Invité am Moies-Magazin

D'Jill Crovisier verbënnt traditionellen Danz mat urbaner Kultur, Foto: Raday Rubinstain

D'Jill Crovisier wëllt den Danz demokratiséieren

2007 ass zu Berlin de POOL lancéiert ginn, den internationale Festival fir Danz- an Animatiounsfilm. Fir déi 13. Editioun dësen Hierscht war och e Court-Metrage vun der Lëtzebuerger Dänzerin a Choreographin Jill Crovisier selektionéiert ginn. Um Enn gouf en esouguer, nieft fënnef anere Filmer, mat engem Pearls-Präis ausgezeechent. Am Juli hat d'Jill Crovisier schonn de Lëtzebuerger Danzpräis 2019 kritt. Vill Grënn, firwat d'Kerstin Thalau mat der Kënschtlerin iwwer hir Ufäng, hiren Duerchbroch an hir weider Pläng schwätze wollt.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen