B-Radio

B-Radio ass déi aner Kulturemissioun hei um 100,7. Loosst Iech iwwerrasche vun dëser Emissioun, déi sech all Mount op eng speziell Manéier mat Kultur a Subkultur am breede Sënn beschäftegt. B-Radio, dat ass eng 100,7-Equipe ronderëm de Michel Delage, deen duerch Emissioun begleet.

Muay Thai

Thai-Boxen, deen häertste Kampfsport op der Welt? Net wann een déi Fraen a Männer freet, déi hir Passioun hei am Land ausliewen. Mondschutz un - a lass!

Am B-Radio héiert Dir de Prince Junior, den Eric Kadouche grad wéi aner Membere vum Club Sandsak Muay Thai, de Pascal Kirsch, d'Valerija Berdi, de Mike Tock an de Michel Delage.      

Rezent Emissiounen

  • Dandy

    Elegant, distant ... arrogant? Den Dandy huet sech ëmmer duerch säin Ausgesi vun der Mass ofgehuewen. Virun allem ass den Dandyismus eng Liewensphilosophie.

  • Muay Thai

    Thai-Boxen, deen häertste Kampfsport op der Welt? Net wann een d'Fraen an d'Männer freet, déi hir Passioun hei am Land ausliewen. Mondschutz un - a lass!         

  • Summersammelsurium

    Summer ass Sonn, Summer ass Vakanz, Summer si Kandheetserënnerungen - eng lëschteg, rhythmesch an nodenklech Rees duerch eng hannerlëschteg Joereszäit!

  • Spezial Provokatioun

    Verschidde Kënschtler kann oder muss een als Provokateure bezeechnen. Anerer hu just deen Usproch - ouni ëm awer gerecht ze ginn ... Mir maachen den Tri!

  • Manga

    Manga, Anime, Cosplay ... Eng aus Japan importéiert Subkultur, déi sech och bei eis etabléiert huet. Mir exploréieren dës konterbont Welt op eng faarweg Manéier!

  • Lëtzebuerger Kultplazen

    Wie kennt nach de fréieren Tornado zu Péiteng oder de Flashback zu Uewerkuer? Déi aner Kulturemissioun léisst dës an aner Kultplazen nees opliewen.

  • Gigante vum klenge Fussball

    Am Kicker zielt Lëtzebuerg zur Weltelite an de Futsal gëtt hei am Land ëmmer besser - zwou spektakulär Sportaarten, déi absolut hir Plaz am B-Radio hunn!

  • Den Giallo-Stil

    Spannung, Blutt, Witz, mee och méi nodenklech an och absurd Momenter ... Dat alles erwaart Iech an der éischter Episod vun eiser neier Kulturemissioun.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen