Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Lemminge, Schneeeulen und Eisbären

Op kenger anerer Plaz sinn d'Konsequenze vum Klimawandel esou ze erkenne wéi an der Arktis. Eng Laangzäit-Fuerschung vun der Universitéit Freiburg iwwer dat Héich-Arktescht-Ökosystem liwwert nei Erkenntnisser an d'Realitéit vun der Verännerung. Den nordëstleche Grönland National Park ass de Liewensraum vu Lemmingen, verschiddene Schnéi-Eilen an och eng vun den Hauptwurfgebieter vun den Äisbieren. Observatioune vu méi wéi 20 Joer hunn net nëmmen ökologesch Zesummenhäng an Interaktiounen, wéi d'Lemmingzyklen op eng eenzegaarteg Manéier dokumentéiert, mee och déi schläichend Verännerungen, déi dës Landschaften ëmmer méi betreffen. 

A sengem Virtrag schwätzt den Elsässer Dr. Benoît Sittler, deen 1988 de Karupelv Valley Project initiéiert hat, iwwer seng Laangzäit-Fuerschungen a Grönland an iwwer Verännerungen duerch de Klimawandel. 

D'Konferenz, déi vu Polar.lu organiséiert gouf, Coorganisateur war den MNHN, ass opgeholl a verschafft gi vum Carlo Link.

Interaktiv kann een dee ganze Virtrag vum Dr. Sittler un Hand vun engem Pdf suivéieren: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0001/92/klimawandel-groenland2018_050a68.pdf 

Den Dr. Sittler ass Diplom-Geograph un der Universitéit Freiburg a Matgrënner vum franséische Groupe de Recherche en Ecologie Arctique. © Polar.lu

Karupelv Valley Project - Eine Langzeituntersuchung über Lemmingzyklen im North-East Greenland National Park: https://www.karupelv-valley-project.de/deutsch/das-projekt/

GRÉA - Groupe de Recherche en Écologie Arctique: http://www.grearctique.org/actualites

Polar.lu: https://www.polar.lu   

Fotomaterial vum Lëtzebuerger Charel Klein, deen 2015 d'Geleeënheet hat während enger Expeditioun an der Arktis am Laangzäitprojet Karupelv Valley Project dem Dr. Benoît Sittler ze hëllefen: https://www.charel-klein-photography.com/other-1/birdringing/greenland/

 


 

Rezent Emissiounen

  • IPW - Institut Pierre Werner - Entretien

    La chute du mur - La chroniqueuse littéraire Marie-Madeleine Rigopoulos s'entretient avec le journaliste et écrivain Olivier Guez.

  • Les rendez-vous de L'UNESCO

    "Ewige Ruhe? Was die Toten über ihr Leben verraten"

  • Les Rendez-Vous de L'UNESCO

    Digital Mënscherechter

  • Les Rendez-vous de l'UNESCO

    Fir eng méi wëssenschaftlech Kultur ... an eng méi kulturell Wëssenschaft

  • Archives et démocratie

    Den néngten Archivdag, organiséiert vum Veräin vun den Lëtzebuerger Archivisten Asbl, kuerz VLA.

  • Die Neuentdeckung des Himmels

    "Auf der Suche nach fremden Welten und fremden Lebenwesen"

  • Forum Z - Visualising history

    Historesch Molereien, 3D-Rekonstruktiounen, virtuelle Welten a Zäitmaschinnen

  • Les Rendez-vous de l'UNESCO

    "Through the Looking Glass" - Iwwerleeungen a Geschichten zum Thema Fraen a Fotojournalismus

  • Europa - wat en Theater

    Am Virfeld vun den Europawahlen diskutéiere Lëtzebuerger Kënschtler iwwer Europa.

  • Les Rendez-Vous de l'UNESCO

    "A la découverte du patrimoine juif du Luxembourg", e Virtrag vum vum 3. Dezember 2018 vum François Moyse.

  • ForumZ - Who's afraid of the digital?

    Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.

  • Lemminge, Schneeeulen und Eisbären

    Vom Leben in der Arktis im Griff des Klimawandels. Eng Konferenz vum Dr. Benoît Sittler de 6. November 2018 am Natur Musée am Gronn (MNHN).

  • Luxembourg Art Week 2018

    "Le musée à l'époque contemporaine", mat der Suzanne Cotter, Mudam Luxembourg an der Emma Lavigne, Centre Pompidou-Metz

  • Luxembourg Art Week 2018

    "Vingt ans d'art contemporain à Luxembourg - Défis et limites", mam Curateur a Konschthistoriker Enrico Lunghi.

  • Luxembourg Art Week 2018

    "Le marché de l'art en surchauffe", mat der Georgina Adam, Autorin a Jounalistin bei der Financial Times - The Art Newspaper

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen