Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Ex US-Zaldot wëllt mat de Kurde kämpfen

Am Kader vum Réckzuch vun den US-amerikaneschen Truppen aus Nordostsyrie sinn ëm déi 500 US-Militärpersonal Richtung irakesch Grenz evakuéiert ginn, bis ewell déi gréisste Buedemoperatioun vum der amerikanescher Arméi a Syrien. Trotz dem Waffestëllstand tëschent der Tierkei an de syreschen Demokratesche Kräfte goufe weider Ausernanersetzungen observéiert - aus Amerika kennt vill Kritik géint dem Donald Trump seng Decisioun, déi amerikanesch Truppen aus Nordostsyrien zeréckzezéien, déi déi tierkesch Attacken op déi syresch Kurderegioun erméiglecht hunn. D'Charlotte Bruneau huet zu Erbil de Kemal getraff, e jonken US-Amerikaner, deen an d'Regioun gereest ass mam Zil, d'Kurden ze ënnerstëtzen.

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen