Een Thema, e Buch

Michel Delage Valerija Berdi

Ronderëm en ausgewielte Sujet proposéiert de radio 100,7 eng Rei interessant Bicher zu der selwechter Thematik. D'Bicher, déi esouwuel aus dem Beräich Literatur, wéi aus dem Domaine vum Sachbuch komme kënnen, gi rezenséiert vun der Kulturredaktioun.

Eng Biographie, déi net hält, wat se versprécht

Mat senger Roll als Johnny Chicago am Andy Bausch sengem Film "Troublemaker" ass den Thierry van Werveke eng Lëtzebuerger Nationalikon ginn. Och haut - zéng Joer nom Doud vum Schauspiller - lieft de Mythos Thierry van Werveke nach weider. Den Historiker Yves Steichen huet dem lëtzebuergeschen Ausnahmekënschtler eng Biographie gewidmet, déi de Mënsch hanner dem Mythos weise soll. Leider hält d'Buch net dat, wat et versprécht, mee liesenswäert ass et trotzdem - mengt de Mohamed Hamdi a senger Rezensioun.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen