CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

Dem Mahler säin Titänli

Mat der Bezeechnung "Titan" ass ze verstoen, datt déi éischt Symphonie vum Gustav Mahler sech  kolossal unhéiert. Mat "Titänli" proposéiert de MythenEnsembleOrchestral dem Komponist seng Symphonie awer an enger reduzéierter Form fir Kammerensembel. Allerdéngs soll dësen Titänli net als vereinfacht Versioun gëllen, ganz am Géigendeel. De Manuel Ribeiro ass vun der Approche a vun der Opnam iwwerzeegt.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

    • Aktuelles - Deem enge säi Leed, deem anere seng Freed

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • The Jim Kent Show

Net verpassen

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen