Invité am Moies-Magazin

D'Marlène Kreins an hire Coup de coeur vum Moler Dominique Lang

D'Marlène Kreins impressionéiert den Impressionist Dominique Lang

Den 22. Juni 2019 war den 100. Doudesdag vum Diddelenger Moler Dominique Lang. De Lang ass a Kënschtlerkreesser be- an unerkannt, mee doriwwer eraus wësse vill Leit näischt iwwer den Diddelenger Rebell an Nostalgiker. Dat soll sech dësen Hierscht änneren. Zu Diddeleng kënnt Dir zanter dem leschte Weekend op véier verschiddene Plazen Dominique-Lang-Ausstellungen kucke goen. D'Kerstin Thalau huet mat der Marlène Kreins, d'Kommissärin vum Diddelenger Service culturel, den Tour gemaach.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Mam Bus op d’Klimakonferenz zu Madrid

    Mam Bus op Madrid

    D'Greta Thunberg ass mam Seegelschëff a mam Zuch op d'Klimakonferenz zu Madrid gefuer. Och de radio 100,7 huet decidéiert, net mam Fliger dohinner ze fléien. Eise Reporter Pierre Reyland fiert mam Bus op Madrid.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen