Tirangsdenke war gëschter. Genren a Stiler spillen ëmmer manner eng Roll an der Musek. An enger Welt, déi sech séier verännert ass alles erlaabt. Den Jamie Reinert guidéiert Iech duerch den Dschungel vun Tendenzen, schwätzt mat Museker, Labelen a Kritiker a geet de Saachen op de Fong.
Papperlapop
André Ethier
Mat "Croak in the Weeds" liwwert den André Ethier en ënnerdriwwent a verspilltent Wierk, dat sech ëm e Weier dréit. Fräschen, Schwäin a Villercher kommen am Kanadier senge meditative Stécker ervir. An de Produzent Sandro Perri huet ëm gehollef, déi onheemlech Ambiance ze schafen. Mam Jamie Reinert schwätzt den André Ethier iwwer seng Trilogie, de Mystère vu Märercher a wéi seng Stëmm mat der Zäit méi duuss ginn ass.
Playlist:
- André Ethier - Dream On Pigs (Croak in the Weeds, 10.10.2019 - Telephone Explosion)
- André Ethier - Froggy (Croak in the Weeds, 10.10.2019 - Telephone Explosion)
- André Ethier - Wedding Band (Croak in the Weeds, 10.10.2019 - Telephone Explosion)
- Erlend Øye - Paradiso (Single, 19.09.2019 - Bubbles Records)
- Aoife Nessa Frances - Blow Up (Land of No Junction, 7.01.2020 - Ba Da Bing Records)
- Bremer McCoy - Dråber (Utopia, 17.10.2019 - Bremer/McCoy)
- Samuel Jonathan Johnson - My Music (My Music, 1978 - Columbia)
- Prince - I Feel For You (Acoustic Demo) (Single, 17.10.2019 - NPG Records)
- Beach Boys - Let's Go Away For A While (Pet Sounds, 15.05.1966 - Capitol)
- Seun Kuti & Egypt 80 - Struggle Sounds (Night Dreamer D2D Version) (Night Dreamer Direct-To-Disc Sessions, 4.11.2019 - Night Dreamer)
Rezent Emissiounen
-
Land of Kush
Experimentell arabesch Sounds vu Montreal via Kairo
-
Skarbø Skulekorps
Frësche Wand aus Norwegen - E Septett deen et drop huet
-
Tigran Hamasyan
Den armenesche Pianist gëtt en Abléck a seng kniwweleg Musek
-
Itasca
New-Mexico inspiréiert Folk Lidder mat vill Raum
-
Woolen Men
E Live Matschnëtt vun der Band vu Portland am September 2018 zu Lëtzebuerg
-
Devendra Banhart Mixtape
Rar Folk Tracks, Ambient Meditatiounen, verspillten elektronesch Musek a villes méi
-
Joey Burns
Ee vun den Haaptkäpp vu Calexico zielt iwwer d'Zesummenaarbecht mat Iron & Wine.
-
André Ethier
De kanadesche Museker hellt mat a säi magesche Sumpf.
-
Larry Gus
En exzentresche Griich, dee Pop dense sculptéiert.
-
Ruth Garbus
D'Musekerin aus dem Vermont geet op "Kleinmeister" an den Detail.
-
Motorpsycho an eng Jazz-Kraut-Listening Session
Gespréicher mam Hans Magnus Ryan (Motorpsycho), Michel Pilz a Wolfgang Seidel
-
Sandro Perri
Den dezente Museker vun Toronto mellt sech zeréck
-
Salami Rose Joe Louis
Daucht an déi verspillten dystopesch Welt vun der Lindsay Olsen an.
-
Eamon Fogarty
Organesch Arrangementer a gelunge Gedanken iwwer Destruktioun a Schéinheet
-
Lusine
Experimentell elektronesch Konstrukter vum Jeff McIlwain
Net verpassen
-
Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken
Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen